Beieveräin – Shop

 

Den Beieveräin Kanton Dikrich wënscht Iech schéin Feierdeeg!

Och d‘Aktivitéiten vun eisem Veräin kommen an dëser turbulenter Zäit e bëssen ze kuerz an den Chrëschtmaart zu Dikrich fënnt aus verständlechen Grënn dëst Joer net statt.

Dofir wëllen mir Iech hëllefen fir mat engem gudden hausgemaachen Glühwäin vum Antonio awer nach an eng festlech Stëmmung ze kommen. Natierlech kritt dir och Hunneg vun eisen Beien oder eng gutt Hunnegdrëpp, alles heem op d’Dier geliwwert (Kanton Dikrich an Ëmgéigend).

Glühwäin an der 1 Liter Glasfläsch                12€

Hunneg am 500 g Glas                                      7€

Hunnegdrëpp an der 250 cL Fläsch                   8€

Wann Dir Intressi hutt, maacht eis e kuerzen Email an mir ginn Iech Bescheed soubal d’Liwwerung sech op den Wee mëscht.

Bezuelen kënnt Dir ganz bequem per Digicash op den 621 494 586 oder per Virement op den CCPL LU08 1111 0409 6733 0000 vun der Union des Apiculteurs du Canton de Diekirch.

Mir wënschen eng gutt Gesondheet, vill Courage an schéin Feierdeeg!

Beieveräin Kanton Dikrich