Ëmfro fir den Ufank vun de Kueren 2020

Déi praktesch Kuere fänken am Juli nees un. Jidwereen, deen drun deelhuele wëll, soll sech weg. iwwer dëse Formulaire umelden:

30. Januar 2020 – 19h30 Seminär iwwer d‘Hierstellung vun fein-cremegem Hunneg duerch kontrolléiert Erwiermung

Seminär iwwer d‘Hierstellung vun fein-cremegem Hunneg duerch kontrolléiert Erwiermung

D’Verkaafsgemeinschaft „Lëtzebuerger Hunneg“, an Zesummen-aarbecht mam Beieveräin Kanton Dikrich, invitéiert häerzlech op hiert Seminär zum Thema „Hunnegerwiermung“.

Dës Informatiounsveranstaltung fënnt Donneschdes den 30. Januar 2020 owes um 19h30 zu Dikrich am Festsall vun der Grondschoul (Gebai hannert der Kierch, nieft dem Gericht) statt.

De Beieberoder Andreas Reichart wäert hei Erklärungen zum Thema liwweren, ee klenge Film dozou weisen an och op der Plaz praktesch virféieren wéi ee kleng Quantitéiten Hunneg mat einfachen Mëttele schounend erwiermen, cremeg réieren an domadder zäitversat a Glieser afëlle kann.

Während dem Virtrag ginn och déi néideg Erklärunge geliwwert, wéi eng Critère beim Erwiermen an Réiere respektéiert gi mussen fir dat den Hunneg kee Schued hëlt an den Endproduit sou ausgesäit a schmaacht wéi de Konsument en am léifsten keeft. Weider informéiert den Andreas iwwer déi breetgefächert Erfarungen, di am däitschsproochegen Raum an deem Beräich gemaach goufen, an wéi déi aktuell Praxis do ass.