Opgepasst!! Praktesch Kueren fannen um Ablegerstand beim Nordstad-Lycée statt.

Fir den Ufank vun der Saison 2018 fannen déi praktesch Kueren net wéi gewinnt an der Hooldär statt, mee um Ablegerstand am Parc écologique vum Nordstad-Lycée.

An der Hooldär hunn d’Arbechten fir eise neie Schleiderraum ugefaang. Fir weder d’Arbechten, nach d’Beien ze stéieren hu mir d’Völker all op den Ablegerstand geplënnert.

Soubal d’Kuere nees an der Hooldär statt fannen, soë mir bescheed.

Den Detail gesidd Dir am Agenda.

 

02.03.2018 – Generalversammlung 2018

Trotz de wierklech schlechte Wiederkonditoune hunn e puer Imker de Wee bis an eis Generalversammlung fonnt.

Orde du jour:

  • Begréissung vum President Pierre MEYER
  • Réckbléck op d’Joer 2017
  • Keessebericht
  • Decharge vum Keessier a vum Verwaltungsrot
  • Nenne vun de Keesserevisoren an de FUAL Delegéierten
  • Virtrag vum Beieberooder Andreas Reichart zum Thema Kinniginszuucht.
  • E Maufel an ee Patt