Kuere fir nei an erfueren Imker

Organisatioun & Umeldung

Grad esou wéi déi läscht Joeren organiséiert den Dikricher Beieveräin Kueren fir alleguerte seng Memberen. Dës Kuere riichten sech grad esou un all Jongimker, ewéi och un all erfueren Imker.

Mir bieden all eis Jongimker un de 5 theoretesche Kueren vun der FUAL deelzehuelen, fir datt si dat néidegt Basiswëssen opweisen wat an eise praktësche Kueren erwaard gëtt. Den Detail an d’Informatiounen zur Umeldung fir dës Kueren vun der Federatioun fann Dir op www.apis.lu.

Déi praktesch Kuere ginn an der Regel Méindes zu Dikrich an der Hooldär ofgehal a fänken normalerweis um 18h00 un. Den éischte Kuer fir dëst Joër wäert den 25. Mäerz 2024 um 18h00 sinn. Déi genee Sujetën leeën mir net am Viraus fest, mee mir maachen dat ofhängeg vum Joresoflaaf a kucken wéieng Thematik mir zu wéiengem Zäitpunkt behandelen. Mir versichen secherzestellen, dat mir mat eise jonken Imker een komplett Beiejoër mat den jores-spezifëschen Arbëschten duerchlaafen. Dës Kuere si fir all Mëmber vum Dikricher Beieveräin gratis a ginn vun enger Equipe vu Komitésmëmberen zesumme mam Beieberoder Andreas Reichert gehaal.

Mir bieden déi interesséiert Leit sech bis de 15. Mäerz 2024 fir dës Kueren hei ënnendrënner unzemellen.

Déi genee Datumer vun de praktesche Kuere fann Dir am Agenda (soubal se festgeluecht sinn). Déi ugemellte Lett kréien per Email an/oder SMS matgedeelt wann nach Datumer bäikommen oder musse geréckelt ginn.

Hei kënn dir nach weider Virdeeler noliesen, firwat een soll Mëmber am Beieveräin ginn.

Hei kënn dir een Abléck kréien wéi mir fonktionnéieren: youtube

Umeldung fir d’praktesch Kuere vum Beieveräin Dirkich: