30.09.2017 – Hunnegcours mam Beie-beroder

E Samsdeg, den 30. September 2017 invitéiere mir Iech um 13h00 an d’Hooldär an de grousse Chalet (ganz ënnen an der Hooldär).

Den Andreas Reichart gëtt eis Erklärungen zu folgenden Themen:

  • Wéi entsteht Hunneg?
  • Wéi kann den Imker d’Arbecht vun de Beien ënnerstëtzen?
  • Wéi gëtt den Hunneg fachgerecht geschleidert?
  • Wéi verschaffen ech den Hunneg?
  • Wéi kënnt den Hunneg optimal an d’Glas?

De Cours dauert ca. 4 Stonne, ët kascht näischt an jidwereen ass wëllkomm (Imker & Nët-Imker aus dem Dikricher Veräin oder vun auswaerts).

Wéi Dir hei gesidd, war de Kuer gudd besicht.