Mëmber ginn

All Mëmber bezillt een jährleche Beitrag vun 50€, wouvunner mir 40€ un d’FUAL weiderginn fir eis Interessen um nationale Plang ze vertrieden.

Als Géigeleeschtung:

  • vertrieden mir Är Interessen beim Daachverband,
  • informéiren Iech iwwer Aktualitéiten,
  • verdeelen d’Varroa-Behandlungsmëttel déi Dir bei der Veterinärverwaltung bestallt hudd,
  • organiséiren mir praktesch Kueren an Séminairen fir Iech,
  • kritt Dir eemol am Mount d’Beienzeitung vun der FUAL.
  • hei fann Dir nach méi Detailer iwwer d’Virdeeler vun enger Mëmberschaft
  • hei fann Dir ee klengen Abléck an d’Veräinsliewen: youtube

Z’iwwerweisen op den Konto CCPL LU08 1111 0409 6733 0000 vun der Union des Apiculteurs du Canton de Diekirch bis den 31. Januar vum Joër. Nei Mëmberen solle hiere Bäitrag bezuelen soubal se sech fir déi praktesch Kuren ugemellt hunn. Mir weisen drop hinn datt mir nei Umellungen während dem Joër just op trimestrieller Basis weidergi kënnen an domat d’Beienzeitung och réicht ab deem Zäitpunkt verschéckt gëtt.

Fir déi Persounen, déi well an engem aaner Kantonalveräin Mëmber sin an déi just un eise Formatiounen Deel huelen wëllen, bidden mir eng Sympathiememberschaft un. Dës kascht 25€ d’Joër, Dir kënnt d’Kueren zu Dikrich matmaachen, mee Dir gidd net vun eis bei der FUAL ugemellt.