Beien umelden & Varroamëttel

Umeldung

All Joër mussen d’Imker sech selwer an hier Beien bei der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA)  umelden. All Beiestand muss mat senger geneeër Positioun gemellt ginn. Dëst ass obligatoresch a ganz am Sënn vun alle Beielett. Sou kënnen déi Verantwortlech vun der Veterinärverwaltung z.Bsp. am Fall vun der Feststellung vun enger ustiechender Krankheet op engem Beiestand, beschtméigleg reagéieren.

D’Formulairen dofir stinn hei ënnendrënner:

Umeldung vum Imker 2023
Umeldung vun de Standuerter an de Beievölker 2023

Op dem Formular “Umeldung vun de Standuerter an de Beievölker” ginn déi genee GPS-Koordinaten (WGS1984) vun den eenzele Beiestänn gefrot. D’GPS-Koordinaten fënnt een um Geoportail. Hei nach eng kleng Hëllef fir déi richteg Koordinaten ze fannen:

Varroamëttel bestellen

D’Mëttel fir d’Beien géint d’Varroamilb ze behandelen ginn och bei der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) bestallt. Dobäi ass et erwënscht bei der BeeFirst-Ëmfro matzemaachen (wann een schonn am Wanter Beien hat):

Bestellung Varroamëttel 2023
BeeFirst-Ëmfro 2023
(d’Formulare ginn aktualiséiert soubal se disponibel sinn)

Nodeem de Bestellformular bei der Veterinärverwaltung eragaang ass kritt Dir vun der ALVA eng Bestätegung vun Ärer Bestellung per E-Mail geschéckt. Wann d’Varroamëttel bis geliwwert sinn, ginn se exclusiv vum Kantonalveräin verdeelt. Mir melden eis dann bei Iech.

Wichteg!

Wann Dir déi éischte Kéier Beien bei der ALVA umeld, da schéckt déi 3 Formulaire (Umeldung Imker, Umeldung Standuerter & Beievölker, Bestellung Varromëttel) virum 15. Abrëll u folgend Adress:

ALVA
B.P. 1403
L-1014 Luxembourg

Bei der éischter Umeldung kënnt Dir als Imkernummer “0” op de Formulairen uginn. Dir kritt réischt nom Umleden eng Imkernummer zougedeelt. Am Joër no der éischter Umeldung kritt Dir dann automatesch déi nei Formulairen mat Ärer Imkernummer virausgefëllt per Post zougeschéckt.

Falls Dir keng Bestätegung vun der Bestellung vun de Varroamëttel per E-Mail zougeschéckt krut, oder Dir soss Froën un d’ALVA hutt, dann zéckt net Iech per Telefon bei hinnen ze melden: +352 2478 2539.

n.b.: d’Umeldung vun de Beien ass gratis – d’Varroamëttel ginn bei der Verdeelung un de Kantonalveräin bezuelt.

Commodo-Gesetzgebung

Bienenstände müssen entsprechend dem règlement grand-ducal du 26 juillet 1999 betreffend établissements classés (classe 4) bei den Behörden angemeldet werden. (Betrifft nur Bienenstöcke welche sich innerhalb von Agglomerationen befinden.)

Gemäß Art. 4 [C] (4) sind Wanderstände und Bienenstände ausserhalb der Agglomerationen mit dem Namen, Telefonnummer und Adresse des Imkers zu kennzeichnen. Bienenstände sollten aber generell, auch innerhalb der Agglomerationen, mit den Kontaktdaten des Imkers beschildert werden.

Innerhalb einer Agglomeration:

Guichet – Bienenstöcke aufstellen
Formular
règlement grand-ducal
legilux

Ausserhalb einer Agglomeration (zone verte):

Protection de la nature – Présentation
Protection de la nature – Formulaire