Beieveräin Kanton Dikrich a.s.b.l.

 

De Beieveräin Kanton Dikrich ass een vun den eelsten Kantonalveräiner fir Beienziichter zu Lëtzebuerg. Zanter senger Grënnung am Joër 1883 stung ëmmer den Austausch tëschent Beielett am Viirgrond an d’Uléieren vun jonken Beienziichter ass seitdeem aktiv emgesaat ginn.

An der Hooldär zu Dikrich huet den Dikricher Beieveräin säin feste Beiesetand. Dëst ass d’Plaaz wou mir Intresséierten de Wee zur Bei weisen, eis Kiniginnenzuucht bedreiwen, a mëttlerweil och de Beieberoder Andreas Reichart reegelméisseg praktesch Kuren hällt.

2015 hun mir d’Form vun enger association sans but lucratif (a.s.b.l.) ugeholl.

Conseil d’Administration vum Beieveräin Kanton Dikrich a.s.b.l.:

Jerry GROEFF (président)
Pierre MEYER (président d’honneur)
Jacques DAHM (trésorier)
Gilles BORMANN (secrétaire)
Marc FELTEN
Jacques HAYEN
Nicolas JOSSELIN
Claire LARRY
Jean-Claude PEFFER
Antonio PRETTI
Tom WAGNER