Nationale Beiendag 2023

22.10.2023
Nationale Beiendag Dikrich

De Beieveräin Kanton Dikrich a.s.b.l. invitéiert Iech häerzlech op de Nationale Beiendag, Sonndes den 22ten Oktober 2023 vun 8.30-15.30 Auer an der neier Ackerbauschoul zu Gilsdref.

Mat engem besonnesch liewegen a pragmatesche Programm probéieren mir souwuel di nei Beienziichter sou wéi och di “al Huesen” unzeschwätzen.

8.30     Kaffi & Croissant

9.00     Subventiounen fir Beienziichter & Neit Agrargesetz – Pol Petry, ASTA

10.00   Verschidden Atelier‘ (Dir kënnt um 10.00 an um 11.30 Auer jeweils 1 matmaachen)

– Varroastadien am Binokular kuken & erkennen – Nicolas Josselin
– Qualitéitscontroll an Glucoseoxidase-Check vun ärem eegenen Hunneg – Marieanne Zeldenrust
– Wéi gëtt d‘Thema Beien konkret am Nordtstadlycée ugaangen – NOSL
– Hunneg schmaachen a bewäerten – Andreas Reichart

11.00   Beienallergie an Desensibiliséirungstherapie – Dr François Hentges, CHL

11.30   Verschidden Atelier‘ (zweet Ronn)

12.30   Apero & Iessen

– Menu 1: Buffet froid + Prince Orloff, pommes rissolées, carottes vichy + dessert
– Menu 2: Buffet froid + Cannelonis à la ricotta d’épinards + dessert

14.00   AOP Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg, Bilan 1. Joer – Hunneggenossenschaft

15.00   Oflschloss & Visite guidée Nei Ackerbauschoul

Niewelanscht kënnt Dir och nach ären eegenen Refraktometer testen, wat jo mat der Neier Marque Nationale méi wichteg gëtt wéi fréier.

Mellt Iech wgl fir d’Iessen hei: Umeldung un wou Dir och den Menü vum Dag fannt. D’Iwwerweisung vun 48€ op den CCPL LU08 1111 0409 6733 0000 muss bis den 6. Oktober gemaach sinn.

Mir freeën eis fir Iech do ze gesinn!

Beieveräin Kanton Dikrich, a.s.b.l.