Opgepasst!! Praktesch Kueren fannen um Ablegerstand beim Nordstad-Lycée statt.

Fir den Ufank vun der Saison 2018 fannen déi praktesch Kueren net wéi gewinnt an der Hooldär statt, mee um Ablegerstand am Parc écologique vum Nordstad-Lycée.

An der Hooldär hunn d’Arbechten fir eise neie Schleiderraum ugefaang. Fir weder d’Arbechten, nach d’Beien ze stéieren hu mir d’Völker all op den Ablegerstand geplënnert.

Soubal d’Kuere nees an der Hooldär statt fannen, soë mir bescheed.

Den Detail gesidd Dir am Agenda.